Dierfen d’Membere vun der Regierung déi ministeriell Ressourcë fir perséinlech Reklamm benotzen?

E Member vun der Regierung huet staatlech Ressourcë benotzt, fir Inhalter ze verëffentlechen déi kee politesche Message am Zesummenhang mat der Regierungspolitik enthalen hunn. D’DP Deputéiert Guy Arendt a Corinne Cahen hunn de Premierminister gefrot, ob d’Membere vun der Regierung déi ministeriell Ressourcen net éischter benotze solle fir iwwer e politescht Thema ze kommunizéieren, wéi ee Message de Video vum Minister vermëttele soll an ob all Member vun der Regierung e Budget fir déi perséinlech Reklamm huet oder ob dat vun enger politescher Partei soll iwwerholl ginn.

Fro

« Un spot audiovisuel diffusé par un membre du Gouvernement via les réseaux sociaux du Ministère des affaires intérieures témoigne du quotidien du ministre des affaires intérieures, avec une mise en scène, pour le moins extensive, de sa limousine allemande. Alors que le ministre est libre de produire et de publier ce genre de contenu sur ses comptes privés, il n’en reste pas moins que ce choix de communication est discutable si usage est fait de ressources étatiques, puisque aucun message politique lié à la politique gouvernementale ne ressort de cette vidéo.

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Monsieur le Premier Ministre :

– Monsieur le Premier Ministre n’est-il pas d’avis que les membres du Gouvernement devraient communiquer plutôt d’un sujet politique au lieu de leur personne en utilisant les ressources ministérielles ?

– Monsieur le Premier Ministre peut-il nous expliquer le message que le Gouvernement entend véhiculer par le spot audiovisuel en question ?

– Monsieur le Premier Ministre n’est-il pas d’avis qu’il s’agit d’une confusion des genres et que ledit spot relève plutôt d’une publicité à prendre en charge par un parti politique ?

– Monsieur le Premier Ministre peut-il, le cas échéant, confirmer que chaque membre du Gouvernement dispose d’un budget réservé à la promotion personnelle ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Mobbing am ëffentlechen Déngscht: Wat gëtt gemaach?

Och am ëffentlechen Déngscht ass Mobbing op der Aarbecht eng Realitéit, déi bal all 5. Staatsbeamte betrëfft.D’DP Deputéiert Gusty Graas a Fernand Etgen hunn an dem Kontext beim zoustännege Minister fir d’Fonction publique, nogefrot wéi heen déi aktuell Situatioun gesäit, wat geplangt wier fir dësem entgéint ze wierken an ob déi zoustänneg Kommissioun fir Mobbing am ëffentlechen Déngscht déi säit 2014 net méi aktiv ass, soll reaktivéiert ginn.

weiderliesen...

Sollt de fräie Verkaf vu Medikamenter géint de Schnapp mat Pseudoephedrin verbuede ginn ?

An der Belsch an a Frankräich gouf rezent de fräie Verkaf vu Medikamenter géint de Schnapp mat Pseudoephedrin verbueden. Dës Medikamenter sinn opgrond vun eventuelle gesondheetleche Risike vun elo u just nach op Ordonnance ze kréien.

D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi si dëst Verbuet an eisen Nopeschlänner opfaasst, ob si esou ee Verbuet och zu Lëtzebuerg als sënnvoll ugesäit, an ob Dokteren a Patienten iwwer d’Risike vu Medikamenter mat Pseudoephedrin sensibiliséiert sollte ginn.

weiderliesen...

Zousätzlech national Regëster fir gréisser Krankheeten ?

Den nationale Kriibsregëster erlaabt d’Entwécklung vu Kriibserkrankungen besser nozevollzéien an d’Effikassitéit vun Traitementer z’evaluéieren.
D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hunn d’Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht, ob net weider Regëster fir gréisser Krankheeten en place gesat sollte ginn, virop fir cardio-neuro-vaskulär-Erkrankungen, déi zu den Haaptdoudesursaachen hei am Land zielen.
Den Zougrëff vum CGDIS op dës Regëster sollt och an d’A gefaasst ginn fir d’Prise en charge an Noutfallsituatiounen ze verbesseren.

weiderliesen...