100% erneurbare Energien: Wie sieht die nationale Strategue zur Energiespeicherung aus?

Aufgrund der Volatilität von Solar- und Windenergie ist die Energiespeicherung ein zentrales Element des energetischen Übergangs hin zu 100% erneuerbaren Energien. Der DP-Abgeordnete Max Hahn hat deswegen beim zuständigen Minister nachgefragt, wie die luxemburgische Strategie diesbezüglich aussieht, um auch in Zukunft die Versorgungssicherheit zu garantieren.

« Am Kader vun der energetescher Transitioun hin zu mëttelfristeg 100% erneierbaren Energien spillt de Stockage, op allen Niveauen vum System, eng essentiell Roll fir d’Versuergungssécherheet ugesiicht vun der inhärenter Volatilitéit vu Sonnen-  a Wandenergie ze garantéieren. 

Den nationalen Energie- a Klimaplang verweist an där Hisiicht virun allem op de Pentalateralen Energieforum, ouni awer konkret Projeten a Mesuren ze nennen.

Dowéinst wollt ech dem Här Minister fir Energie folgend Froe stellen:

  • Gëtt et e Gesamtkonzept fir de Stockage vun erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg ? Wann net, ass geplangt esou ee Konzept auszeschaffen an dee Secteur zu Lëtzebuerg z’entwéckelen oder favoriséiert d’Regierung éischter den Import vu gespäichertem grénge Stroum bei Bedarf ? 
  • Wa jo, wéi gesäit dat Konzept aus ?
  • Wéi eng Späicherkapassitéiten, opgeschlësselt no kuerz-, mëttel- a laangfristeger Späicherung, brauche mer zu Lëtzebuerg fir eng Versuergungssécherheet iwwer dat ganzt Joer ze garantéieren ? Ginn et Etüden zu deem Thema ? Wann net, huet den Här Minister wëlles sou Etüden an Optrag ze ginn ?
  • Ass virgesinn, nei zentral Späicherméiglechkeeten ze bauen ? Wéi eng Technologien géifen an deem Fall an den Asaz kommen ? Wéi eng Kapassitéite si geplangt ?
  • Sinn nei Mesuren um Niveau vum Ennverbraucher virgesinn, fir de lokale Stockage z’encouragéieren ?
  • Wéi eng zousätzlech Mesuren, nieft dem Stockage proprement dit, si vu Säite vum Energieministère geplangt fir d’Volatilitéit an engem Energiesystem, dat zu 100% op erneierbaren Energiequelle baséiert, ze geréieren, z.B. am Beräich vun der « demand response », d.h. dem Verréckelen vun der Demande op Momenter vun enger héijer Offer ?
  • Investéiert de Lëtzebuerger Staat a Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien a vum Stockage am Ausland ? Wéi eng Projeten wieren dat genee ?
  • Wéi wäit sinn d’Aarbechten am Pentalateralen Energieforum zu deem Thema ? Kann den Här Minister konkret Projeten an adeem Beräich nennen ? »

Äntfert

1. Gëtt et e Gesamtkonzept fir de Stockage vun erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg? Wann net, ass geplangt esou ee Konzept auszeschaffen an dee Secteur zu Lëtzebuerg z’entwéckelen oder favoriséiert d’Regierung éischter den Import vu gespäichertem grénge Stroum bei Bedarf?

2. Wa jo, wéi gesäit dat Konzept aus?

D’Regierung huet d’Konzept vum Stockage am Kader vum “Plan national intégré en matière d’énergie et de climat” (PNEC) als e wichtegt Element opgegraff. Domadder soll haut an an der Zukunft d’Integratioun vu méi héijen Undeeler un erneierbarem Stroum an de System facilitéiert ginn. De Stockage kann an dem Kontext net isoléiert gesi ginn, mee spillt am Zesummenhang mat aneren Optioune fir eng besser Integratioun a méi Flexibilitéit am System, wéi zum Beispill Laaschtsteierung (“Demand response”), flexibele Produktiounstechnologien an och d’Notzung an d’Verstäerkung vun de Réseauskapassitéiten. Effektiv ka Stockage eréischt am Zesummespill mat aneren Optiounen seng verschidde Virdeeler duerch dat zäitlecht Entkoppele vu Produktioun a Consommatioun och wierklech liwweren.

D’Strategie fir de Stockage ass deementspriechend enk mat Dispositioune fir Flexibilitéit am gesamte System verbonnen, a gëtt zu Lëtzebuerg aktuell op verschidden Niveaue weiderentwéckelt.

Op europäeschem Niveau ass mam “Clean Energy for all Europeans Package”, a besonnesch mat der neier Stroummarchésdirektive (Directive 2019/944 EC) eng legal Basis geschaafte ginn, fir d’Marchésreegelen esou unzepassen, dass si och fir de Stockage wesentlech méi favorabel sinn. Zum Beispill doduerch, dass all Client, wann en et wënscht, Accès op dynamesch Stroumpräisser kritt, fir e Stockage ze bedreiwen, oder duerch e méi wichtege Rôle vun Aggrégateuren an Autoconsommateuren, fir déi d’Flexibilitéit vu Stockage besonnesch interessant ka sinn.

Op nationalem Niveau gëtt d’Stroummarchésdirektive aktuell a lëtzebuergescht Recht transposéiert, ënnert anerem och mam Zil, de regulatoresche Kader méi attraktiv fir Stockage ze maachen an de Marché fir Flexibilitéit weider ze entwéckelen. Donieft setzt Lëtzebuerg och weiderhin op eng staark Integratioun an den Europäesche Stroummarché. Effektiv kenne verschidde Virdeeler vun der Flexibilitéit besonnesch da genotzt ginn, wann de Stroum iwwer méi grouss Distanzen transportéiert gëtt, z.B. duerch lokal Wiederkonditioune vun erneierbaren Energien oder Späichertechnologien, di regional ënnerschiddlech disponibel sinn. Importer bleiwen domat och an Zukunft e wichtege Bestanddeel vum Lëtzebuerger Energiekonzept a si komplementar zur Entwécklung vu lokale Späicherméiglechkeeten.

3. Wéi eng Späicherkapassitéiten, opgeschlësselt no kuerz-, mëttel- a laangfristeger Späicherung, brauche mer zu Lëtzebuerg fir eng Versuergungssécherheet iwwer dat ganzt Joer ze garantéieren? Ginn et Etüden zu deem Thema? Wann net, huet den Här Minister wëlles sou Etüden an Optrag ze ginn?

D’Versuergungssecherheet zu Lëtzebuerg ass haut mat duerchschnëttlech 22 Minutten Ausfall pro Client pro Joer op engem ganz héijen Niveau an d’Nummer 2 an der EU. Dozou droen nieft enger staarker Integratioun am Zentralwesteuropäesche Stroumsystem esouwuel Produktions- a Réseauskapazitéiten, wéi och Späichertechnologie bäi. Esou ass de Späicher vun der Société électrique de l’Our (SEO) S.A. zu Vianden am Norde vu Lëtzebuerg mat 1296 MW Produktionsleeschtung ee vun de gréisste Späicher an Europa. Well Lëtzebuerg am Energieberäich an der däitsch-lëtzebuergescher Kontrollzon ass, an d’Pompspäicherkraftwierk vu Vianden direkt an dat däitscht Netz aspeist, liwwert et ee wichtege Bäitrag zu der Stabilitéit vun eisem Stroumnetz an hëlleft och d‘Fluktuatioune vun den erneierbaren Energien auszegläichen.

Den zukünftege Besoin u Späicherkapassitéiten hänkt – wéi uewe scho beschriwwen – mat der Entwécklung vum gesamte System zesummen a kann an dem Sënn net pauschal ermëttelt ginn. Am PNEC gëtt de zukünftege Besoin a Rôle vu Stockage op verschiddene Plazen diskutéiert. Komplementar dozou ass d’Regierung aktuell am Gaang seng “Stratégie à long terme en matière d’action pour le climat” ze finaliséieren, wou sech ee Kapitel explizitt mam Stockage beschäftegt. Donieft schafft d’Regierung och un enger Waasserstoffstrategie, di ënnert anerem och d’Notzung vu Waasserstoff als Späicheroptioun consideréiert. De Waasserstoff wäert awer réischt mëttel- bis laangfristeg eng Roll spillen. Lo ass de Moment fir déi noutwenneg Analysen ze maachen an éischt  Decisioune fir déi zukünfteg Ausriichtung a Prioritéiten am Beräich Waasserstoff ze huelen.

Am Stroumberäich kann zousätzlech eng rezent Etüd “Scenario Report 2040” vum Netzbedreiwer Creos evoquéiert ginn, di analyséiert, dass d’Leeschtung, déi d’Netz op nationalem Niveau wäert mussen zu Spëtzenzäite liwweren, däitlech wäert steigen, an dass Flexibilitéitsoptiounen, wéi Späicher, kënnen hëllefen dës Hausse e Stéck weit ze limitéieren.

4. Ass virgesinn, nei zentral Späicherméiglechkeeten ze bauen? Wéi eng Technologien géifen an deem Fall an den Asaz kommen? Wéi eng Kapassitéite si geplangt?

Am Moment sinn dem Energieministere keng nei Pläng fir zentral Energiespäicherprojeten bekannt.

5. Sinn nei Mesuren um Niveau vum Ennverbraucher virgesinn, fir de lokale Stockage z’encouragéieren?

Wéi schonn an der Äntwert op d’Froen 1 an 2 weider uewe beschriwwen ass d’Regierung am Gaang duerch verschidde Mesuren de regulatoresche Kader méi attraktiv fir de Stockage ze maachen an de Marché fir Flexibilitéit weider ze entwéckelen. Eng Modifikatioun vum Lëtzebuerger Stroumgesetz am Kader vun der Transpositioun vun der Europäescher Stroummarchésdirektiv ass dobäi dat zentraalt Element.

Zousätzlech dozou préift d’Regierung aktuell a wéi wäit eng direkt finanziell Ënnerstëtzung vun dezentraliséierte Späicher (z.B. Batterien an Gebaier) sënnvoll a méiglech ass. Et ass awer aktuell nach ze fréi fir Conclusiounen.

6. Wéi eng zousätzlech Mesuren, nieft dem Stockage proprement dit, si vu Säite vum Energieministère geplangt fir d’Volatilitéit an engem Energiesystem, dat zu 100% op erneierbaren Energiequelle baséiert, ze geréieren, z.B. am Beräich vun der « demand response », d.h. dem Verréckelen vun der Demande op Momenter vun enger héijer Offer?

Et ass geplangt, an deenen nächste Joren de legale Kader weiderzëentwéckele fir “systemdienlech Flexibilitéit” duerch verschidden Technologien nach méi explizitt ze incitéieren. Notamment soll d’Variabilitéit vun erneierbaren Energien doduerch opgefaangen a kompenséiert ginn, dass si mat verschidde Flexibilitéitsoptiounen, meteorologesch Donnéeën a Previsiounsmodeller kombinéiert ginn. Nieft Späichertechnologië spillen och “Demand Response” an intelligent Reseauen dobäi Schlësselrollen. Fir de legale Kader wäerte wichteg Elementer mat der Transpositioun vun der uewe genannter Stroummarchésdirektive implementéiert ginn.

Besonnesch ervirzehiewe sinn d’dynamesch Stroumpräisser, de Kader fir Aggrégateuren, Demand Response, Autokonsommatioun an Energiecommunautéiten, esou wéi d’explizitt Consideratioun vu Flexibilitéitsoptiounen a verschidden Aufgabe vu Gestionnairen, notamment am Beräich Netzentwécklung.

7. Investéiert de Lëtzebuerger Staat a Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien a vum Stockage am Ausland? Wéi eng Projeten wieren dat genee?

Lëtzebuerg ass aktuell a Kooperatioun mat aneren europäesche Länner fir den Ausbau vun den erneierbaren Energië gemeinsam weider ze dreiwen. An der Zukunft wäerten et méi cibléiert Projete ginn, un deenen och Lëtzebuerg sech bedeelege kann, wann et dorëm geet, konkret erneierbar Energien ze developpéieren (z.B. Wandenergie-Projets an der Nordséi).

Mat der konsequenter Erhéijung vun der erneierbarer Energie an den europäesche Stroumnetzer, gi Flexibilitéitsoptiounen a Sektorkopplung noutwenneg an dofir och de Waasserstoff. Lëtzebuerg wëll an deenen nächste Joren aktiv, souwuel op der europäescher Bün wéi och regional, dru matschaffen, fir d’Jalone fir d ‘Zukunft ze setzen, zum Beispill  am Beräich Infrastruktur a bei sougenannten Hybridprojeten. Bei Hybridprojete geet et generell dorëms, d’Produktioun (vun erneierbarer Energie) mat der Späicherung ze kombinéieren.

8. Wéi wäit sinn d’Aarbechten am Pentalateralen Energieforum zu deem Thema? Kann den Här Minister konkret Projeten an deem Beräich nennen?

Am Kader vum Pentalateralen Energieforum schafft eng vun den dräi “Support Groups” explizitt zum Sujet Flexibilitéit am Energiesystem. De Fokus war bis elo virun allem am Beräich Marchéë fir Ausgleichsenergie, Intradaymarchéen an “Demand Response”. Verschidde Rapporten, ze fannen op dem Site vum Benelux Sekretariat, goufen zu deene verschiddene Sujeten an de leschte Jore fäerdeg gestallt an als Basis fir entspriechend Diskussiounen a Mesuren op dem nationalen, regionalen an europäeschen Niveau genotzt.

Do dernieft huet ee weideren Aarbechtsgrupp am Pentalateralen Energieforum eng politesch Deklaratioun iwwer d’Notzung vun erneierbarem Waasserstoff ausgeschafft. Dës ass och, berécksiichtegt gi bei der Finalisatioun vun der europäescher Waasserstoffstrategie. Fir 2021 ass geplangt d’”Strategie européenne pour l’intégration du système énergétique” (déi den nämmlechten Dag wei d’europäesch Waasserstoffstrategie presentéiert gouf) um Niveau vum Pentalateralen Energieforum ze begleeden an ëmzesetzen, Flexibilitéitspotentialer an der Regioun ze identifizéieren, an den Echange an d’Bëndele vu lokaler Flexibilitéit an engem grenziwwerschreidende Marché ze facilitéieren.

Möchten Sie eine Übersetzung dieser parlamentarischen Anfrage auf Deutsch ?

Teilen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weitere parlamentarische Fragen

Eine öffentliche Einrichtung für Blutspenden?

Die DP-Abgeordneten Corinne Cahen und Gérard Schockmel haben der Gesundheitsministerin Fragen zur angekündigten öffentlichen Einrichtung für Blutspenden gestellt.
Die liberalen Abgeordneten fragten unter anderem, ob es nicht sinnvoller wäre, die gesamten Gebühren des Roten Kreuzes für den Blutspendedienst zu übernehmen, anstatt eine öffentliche Einrichtung zu gründen?
Und was passiert mit dem Raum für Blutspenden, der in der neuen Zentrale des Roten Kreuzes in Howald geplant ist, wenn das Rote Kreuz den Blutspendedienst nicht mehr übernimmt?

weiterlesen...

Ist der finanzielle Beitrag des Staates für das Blutspenden zu gering?

Das Rote Kreuz macht in diesem Jahr erneut ein Defizit bei der Organisation der Blutspende. Die DP-Abgeordneten Corinne Cahen und Carole Hartmann haben bei der Gesundheitsministerin nachgefragt, ob der Staat seinen finanziellen Beitrag nicht erhöhen sollte, ob Luxemburg immer über genügend Blutreserven verfügt und ob das Rote Kreuz weiterhin allein das Blutspenden im Land organisieren sollte.

weiterlesen...

Wie hoch ist die Fehlzeitenquote hier in Luxemburg?

In vielen europäischen Ländern steigt die Fehlzeitenquote. Die DP-Abgeordneten André Bauler und Carole Hartmann haben bei den zuständigen Ministern nachgefragt, wie sich die Fehlzeiten in Luxemburg in den letzten 10 Jahren entwickelt haben, was die Erklärungen für die Fehlzeiten sind und was derzeit dagegen unternommen wird.

weiterlesen...

Zu viel Quecksilber in Thunfischkonserven?

Thunfischkonserven in ganz Europa scheinen mit zu viel Quecksilber belastet zu sein. Der DP-Abgeordnete Gusty Graas hat bei den zuständigen Ministerinnen nachgefragt, ob auch Konserven in Luxemburg betroffen sind und ob die Höchstwerte für Quecksilber beim Thunfisch auf EU-Niveau gesenkt werden müssten.

weiterlesen...